
10 Joer
Wildnis asbl

Wat bedeit Wildnis ?


Entdeck d'Wildnispädagogik zu Lëtzebuerg: Feier maachen, Bou bauen, Vullestëmmen kenneléieren a Villes méi...
Natur liewen an erliewen
De Wee zeréck an d'Natur an domat och e Stéck zréck zu sech selwer fannen, dat ass een Haaptzil. D'Natur an hir Ressourcen kennen, Zesummenhäng vum Liewen ronderëm verstoen an ufänken, sech an der Wildnis doheem ze fillen, dat ass en Deel vun eiser Philosophie.
Wéi gesäit dat konkret aus? Du léiers Feier maachen op verschidde Manéieren, du baus e Bou, du léiers d'Sprooch vun de Vullen ze verstoen, du plécks Kraider an der Natur a kachs domat um Lagerfeier... D'Inhalter vun eisen Aktivitéiten si genau sou villfälteg wéi d'Leit, déi matmaachen – vu klenge Kanner bis hin zu Erwuessenen, vun éischte Schrëtt am Bësch bis zu enger richteger Formatioun zum/zur Wildnispädagog:in.
Eis Philosophie
Coyote Teaching
En zentralen Deel vun eiser Method baséiert op Coyote Teaching, mat dem mir eist Wëssen un aner Leit, besonnesch och u Kanner, weiderginn. Bei dëser Method gëtt d'Natur selwer zum groussen Deel d'Äntwert op d'Froen, déi sech stellen – et léiert een sech op si anzeloossen, mat senge Sënner alles ze erfaassen (kucken, richen, lauschteren a spieren).
Bei den Urvëlker gëtt et de Begrëff "Wildnis" esou guer net. De Begrëff, deen mir mat "Natur" iwwersetzen, géif an hire Sproochen éischter mat "Schöpfung"oder mat "Heemecht" iwwersat ginn. Genee an dësem Sënn wëlle mir eis Philosophie weiderginn.
Wat mir geléiert hunn a kënne weiderginn
Hardskills:
- Feier maache mat verschiddenen Techniken (Drillbou, Feiersteng, ...)
- Ëmgang mam Messer, Beil an Aaxt
- Iessbesteck a Villes méi aus Holz schnëtzen
- Schossele brennen
- Wurfstock a Bummerang
- Speerschleider
- Bou bauen
- Hütt aus Naturmaterial bauen (Laubhütten)
- Kachen an der Natur mat verschiddenen Techniken
- Nëtzlech Kraider kenneléieren an notzen
- ...
Softskills – ganz no dem Motto "Raus aus dem Kopf, rein in die Sinne!":
- Coyote Teaching
- Naturwëssen a Wahrnehmung
- Erweiderung vun de Sënner (Weitblick)
- Sech intuitiv an der Natur beweegen
- Spueren am Bësch erkennen a liesen
- D'Sprooch vun de Vullen
- Intuitioun a Ritualer (zum Beispill den Talking Stick- Redestab)
- Geschichten erzielen
- Journaling
- Liewensrad
- ...
